arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
De Jos reest an d'Mëttelalter
A wéi déi meescht vun iech huet och de Jos Vakanz, endlech seet de Jos. De Schoulstress ass eriwwer, an elo heescht et chillen a lauter flott Saache maachen.
De Mukami geet Zelten
D'Anja Di Bartolomeo war nees ganz fläisseg an huet Iech, elo grad gutt fir d'Vakanz, eng nei Geschicht geschriwwen, wou dës Kéier nees de Pit an säi gudde Kolleeg de Mukami am Mëttelpunkt stinn.
De "Scheiersound" mam Charel Schiltz
De Charel Schiltz ass een zwielef Joer jonke Schüler, dee sech beim Naturmusée no hirem Reportage iwwer d'Kannerkëscht am Panewippche gemellt huet.
De Schoulcampus "Nei Brasilien" an eng bleche Béchs
D'Schoulklass vu Fabienne Gressnich an Tessy Everling huet sech fir d'Originne vum Numm vun hirer Schoul zu Gréiwels "Nei Brasilien" intresséiert.
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 7
An der Anja Di Bartolomeo hirer Ouschtergeschicht si mir elo op der leschter Ligne droite
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 6
An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir an den Europapark ze kommen. Si mussen nämlech der Comtesse hir "grouss Chasse aux oeufs um Schlass" gewannen
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 5
An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos jo elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir eventuell an den Europa-Park kënnen ze goen.
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 4
An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd" gouf et déi grouss Iwwerraschung: Et gëtt awer eng Méiglechkeet fir de Jos an den Europapark ze fueren an esouguer véier Ticketen ze gewannen
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3
An et geet et weider an der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" mam Jos, deen, an dat wësse mir ewell, net nëmmen Ouschteren allgemeng blöd fënnt, mee och den Ouschterhues geet him op d'Schlappen
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 2
An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht vum Jos, deen u seng Ouschtervakanz zeréckdenkt, well hien Ouschteren net leide kann. Mir wëssen, datt de Jos esou gäre géif an den Europa-Park goen, fir sech do e ganzen Dag op den Achterbunnen ze ameséieren
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 1
Mir proposéieren iech eng Geschicht, an där de Jos zeréck un d'Ouschtervakanz denkt
De Mukami geet an d'Schoul
Mir proposéieren iech nees eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo vum Pit an dem Mukami, deem komeschen Déier, dat de Pit kritt huet
De Jos a säi krasse Fuesbal
De Jos ass erëm do. Eise jonke Lausbouf, deen nawell gären déi eng oder aner Spiicht dréit, och wann dat ni béiss gemengt ass. An de Jos ass nu wierklech e Kärelchen, deen d’Häerz op der richteger Plaz huet
De Mukami an de Pit
D'Geschicht spillt ëm Chrëschtdag an de Pit ass e bëssen hin an hier gerappt, well e Chrëschtdag gären huet, awer och net
De Jos a säi Wichtelalbdram
D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.
De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5
Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi.
De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3
Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.
De Jos an d'Halloween - Deel 1
An dëser Kannerkëscht proposéieren mer iech der Anja Di Bartolomeo hir Geschicht: "De Jos an Halloween".