Klassik Aktuell
Internet, Kënschtlech Intelligenz a Musek
8 min
Et géing een unhuelen, datt ausser d’Streaming Plattformen den Internet an déi Kënschtlech Intelligenz net vill mat der Musek ze dinn hätten. Mee béides huet e groussen Afloss dorop, wéi mir Musek lauschteren oder presentéiert kréien, an och wéi Kënschtler elo schonn, an och an Zukunft, wäerte schaffen. A genee dat war d’Theema an enger rezenter Performance am Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg op der Konscht Biennale.
Do huet d’Kënschtlerin a Wëssenschaftlerin Célin Jiang mat hirem Spektakel mam Titel "Trans Techno Rococo" nämlech genee op dat Theema an och op d’Auswierkungen opmierksam gemaach. De Jeff Schinker hat sech zu Venedeg mat der Kënschtlerin ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes