Klassik Aktuell
"Ech sinn Cello studéire gaangen duerch de Projet ONJ"
10 min
Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg ass zanter leschte Freideg a Residenz am Mierscher Theater. Insgesamt si 60 jonk Museker:inne aus Lëtzebuerg an dem Ausland dobäi an dat ënner der Leedung vum Pit Brosius. Et ass awer net nëmmen eng Prouf fir deen nächste Concert, mee et ginn och Workshoppen a Masterclassen.
De Concert am Mierscher Theater ass de 27. Juli owes um 8 Auer an um Programm sti Kompositioune vu Prokofiev, Bartók a Korngold.
Den Dag drop fiert den ONJ op Apeldoorn an Holland, am Kader vum Muziekzomer Gelderland, wou si de Concert nach eng Kéier spillen. Dat Ganzt ass Deel vun engem Austausch, dofir kënnt de Jeugdorkest Nederland e puer Deeg drop dann op Lëtzebuerg a spillt e Concert an der Stater Kathedral.
D'Marie Trussart huet mam Dirigent Pit Brosius a mat der Cellistin Désirée Bonacci iwwer d'Residenz geschwat, iwwer de Programm vum Concert an huet ënner anerem erausfonnt, wat den Orchester, ofgesi vum Alter vu senge Memberen, eigentlech "jonk" mécht.
Presentéiert vum
- Marie Trussart