Klassik Aktuell
Il Barbiere di Siviglia zu Bartreng
8 min
D'Associatioun Sequenda gouf 2008 an d'Liewe geruff fir den Art Lyrique zu Lëzebuerg ze fërderen. An dat haaptsächlech duerch d'Organiséiere vun Operespektakelen, déi dann och an d’Ausland exportéiert solle ginn. Dëst Joer steet dem Rossini säin “Il Barbiere di Siviglia” um Programm.
Dësen Opereklassiker gëtt mat enger Uropféierung opgemaach - an zwar mat enger Fantasie vum Lëtzebuerger Komponist Ivan Boumans, an där Theemen aus der Oper verschafft ginn.
D'Marie Trussart krut all weider Detailer, déi den Opera Studio a weider Masterclassen betreffen, vun der Luisa Mauro verroden.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes