Klassik Aktuell
The Dora Journey
10 min
Am Mëttelpunkt vum Podcast "The Dora Journey" steet d'Geschicht vun enger Komponistin aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert, déi der Gesellschaft d’Stier bitt an där hiert Liewe mat enger grousser Tragik verbonnen ass. A siwen Episoden erzielen d’Carole Mallinger Leyers an d’Annalena Castagna vum “Trio Dora” der Dora Pejačević hiert Liewen. Dobäi geet et ëm d’Vue vun der Gesellschaft op eng Komponistin an ëm hir Revolt géint déi deemoleg Strukturen. Et geet awer och ëm Léift, déi emotional Amenter an hirem kuerze Liewen an hir Musek.
Am Gespréich mam Jeff Schinker gëtt de Luc Boentges en Abléck an dëse Podcast. Lauschtere kann een de Podcast iwwer de Site www.opus.radio
Presentéiert vum
- Luc Boentges