Klassik Aktuell
"Man ist dem Publikum sehr nah"
3 min
Ënnert dem Motto "Auf der gleichen Saite" presentéieren d'Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ee Concert-apéritif am Kammermusekssall an der Phiharmonie.
Um Programm steet Kammermusek fir Piano a Sträicher vum Robert Schumann a Frank Bridge.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet d'Braatschistin vum Concert an och Solo-Braatschistin am Orchester vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Dagmar Ondracek, iwwert de Programm an de Kader geschwat. Si erzielt zousätzlech, wat fir si Concerten ausmaachen, wéini ee mierkt dass de Fonken iwwerspréngt a wéi ofwiesslungsräich d'Aarbescht als Solo-Braatschistin ass.
Programm
:
- Robert Schumann (1810-1856)
: Märchenerzählungen op.132
- Robert Schumann: Klavierquartett op.47
-
Frank Bridge (1879-1941):
Fantasie fir Piano Quartett H.94
Interpreten:
Filippo Ricciardo Biuso, Klarinett
Nelly Guignard, Gei
Dagmar Ondracek, Braatsch
Vincent Gérin, Cello
Jessica Chan, Piano
Presentéiert vum
- Marie Schockmel