Klassik Aktuell
Donaueschingen zu Déifferdeng
10 min
De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek 'United Instruments of Lucilin' ass fir déi éischte Kéier op den 'Donaueschinger Musiktage' opgetrueden. An dat direkt mat 10 Concerten. Dobäi war net nëmmen d'Musek wichteg, mee och de Raum, dee speziell fir de Spektakel kreéiert gouf. De Saxophonist Olivier Sliepen deelt seng Andréck am Gespréich mam Christophe Mirkes.
De Freiden (25.10.) trëtt Lucilin dann zu Déifferdeng am 'Unison Studio' op, déi Kéier mat méi enger jazzeger Influenz duerch de Komponist Pol Belardi. Thematesch geet et em d'Bezéiung vu Mënsch a Maschinn. An den zwee Wierker vum Pol Belardi eng Kéier ëm en Auto an eng Schongfabrick. Hie verréit wéi seng Musek dës Iddien erëmgëtt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes