Klassik Aktuell
Zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz
5 min
De Claude Weber ass directeur artistique vum Salon de Helen Buchholtz. Eng Concertserie, déi am Kader vun Esch2022 an d'Liewe geruff gouf an un déi Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz erënnert.
Dëst Joer fënnt d'Concertserie vum 6. November bis den 1. Dezember am Bridderhaus zu Esch-Uelzecht statt.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann huet de Claude Weber iwwer de Succès vun der 1. Editioun, grad esou wéi iwwer de Programm vun dësem Joer geschwat. Hie verréit och, wat de Salon vun anere Concertshaiser ënnerscheet.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann