Klassik Aktuell
Neijoerschconcerten
7 min
Neijoerschdag // 1.1.2025: Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker live um radio an opus 100,7
An iwwer 90 Länner gëtt dee beléiften Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker iwwerdroen. Dorënner och Lëtzebuerg, um radio an opus 100,7. De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen. De Rendez-vous ass um 11:15 Auer.
Mëttwoch // 8.1.2025: Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um radio an opus 100,7
D’Lëtzebuerger Philharmoniker fänken dat neit Joer lëschteg un, mam Richard Strauss senger Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”. Do dernieft stinn awer och Bonbonen, wéi dem Edward Grieg seng “Morgenstimmung” oder dem Johann Strauss (Sohn) seng weltbekannt Walz “An der schönen blauen Donau”. De Rendez-vous fir dës Live-Iwwerdroung ass um 19:30 Auer.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann