"Zil ass et, op Demokratie a Fräiheeten ze sensibiliséieren. Ech spieren, datt et verschiddene Schüler um Häerz läit."
De Georges Urwald arrangéiert a komponéiert selwer Wierker, ma ass gläichzäiteg Enseignant zu Iechternach am Lycée. Zesumme mat sénge Schülerinnen a Schüler hunn si ee gemeinsame Projet mam Ensemble Vocal du Luxembourg: Iwwer Demokratie, Fraerechter a Fräiheete sangen an domat de Publik sensibiliséieren. Ënnert dem Motto: Do you hear the People?
Entstane si bei dësem Projet och véier eege Stécker déi bei engem Concert Méindes, den 19. Mee 2025 am Trifolion zu Iechternach gesonge ginn.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwert d'Konzept, ma och d'Erfarungen déi am Grupp bei dësem Projet gemaach goufen.