Mat der Rentrée aktivéiere sech déi kleng a grouss Theateren a Kulturhaiser, mee och d’Kulturzentren an der Peripherie. An den nächste Woche versiche mir, tëschent grouss a kleng, Zentrum a Peripherie ze pendelen, dat fir déi Dichotomie vläicht e bëssen opzeléisen.
Am Studio beim Jeff Schinker ass d’Teena Lange, kënschtleresch Leederin vu Spektrum zu Rëmeleng. Rieds geet allgemeng iwwer Kultur am Süden an iwwer ee ganz besonnesche Programm vun der Journée du patrimoine.