arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ “C’est le moment à regarder vers un Lucilin 2.0”

“C’est le moment à regarder vers un Lucilin 2.0”

Lauschteren play_arrow
headphones

12 min

Lucilin 2.0 - dovunner schwätzen de Guy Frisch, musikaleschen Direkter a Perkussionist vun United Instruments of Lucilin, an de Gerd Van Looy, Head of Artistic Development. De Gerd Van Looy huet bei Lucilin ugefaangen, nodeems d'Florence Martin, fréier Co-Directrice vum Ensembel, hire Posten no ronn 17 Joer verlooss huet.

D'Saison 2024-25 vum Ensembel fir nei Musek gouf elo offiziell virgestallt, an um Programm stinn eng Rei spannend Projeten. Dorënner sinn eng Europa-Tournée, eng Concertsrees a Korea an déi zweet Editioun vum Festival 33,7, bei deem 25 Stonne Musek gespillt ginn.

Wat de Public nach alles erwaart, dat hunn de Guy Frisch an de Gerd Van Looy dem Marie Schockmel verroden.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Jidderengem de Bach méi no bréngen

Concert-Conférence vum Ensembel fir al Musek Ad Libitum an der Kierch zu Bartreng. Am Mëttelpunkt steet eng spezifesch Kantat vum J.S. Bach.
headphones

4 min

play_arrow

Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie

All Orchester huet seng Musekerinnen a Museker, mee et ginn och "Silent Musicians". Dat sinn d'Orchester-Bibliothecairen. An der Philharmonie sinn si zu zwee.
headphones

5 min

play_arrow

90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt

Deen zäitgenëssesche Komponist aus Estland verzaubert all Mënsch mam “Tintinnabuli”, seng eege Kompositiounstechnik voller Spiritualitéit a Rou.
headphones

3 min

play_arrow

International Staren zu Diddeleng um FIMOD

Vum 6. September bis den 11. November ass nees de Festival International d’Orgue de Dudelange. De President Jean Eloi Olinger verréit méi.
headphones

4 min

play_arrow

Ravel a Pärt

Iwwerbléck iwwer déi aktuell Concerten an der opus-Mediathéik
headphones

4 min

play_arrow

184. Gebuertsdag vum Antonín Dvořák

Den tschechesche Komponist beaflosst déi klassesch Musek an den USA, ënner anerem mat senger 9. Sinfonie “Aus der Neier Welt”.
headphones

3 min

play_arrow

158. Gebuertsdag vun der Amy Beach

Déi éischt Fra an den USA, déi eng Sinfonie komponéiert. Vu Klengem un ass Amy Beach e Wonnerkand.
headphones

3 min

play_arrow

De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag

Als Uergelspiller a Komponist war den Anton Bruckner een Ausnametalent, an dach hat hie säi Liewe laang e schlechte Ruff.
headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival

Dëst Joer feiert d'Kammerata Luxembourg hieren 40ten Gebuertsdag. Den Ensembel steet zanter 40 Joer fir d'Promouvéiere vun der Kammermusek.
headphones

3 min

play_arrow

For Piano ... or not?

De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum bréngt de 5. September een neie Soloalbum eraus. Mat Musek, déi een net dacks um Piano héiert.
headphones

4 min

play_arrow

Militärmusek goes Openair

De 7. September spillt d'Militärmusek um Käercher Gréiweschlass an erënnert musikalesch un hire fréiere Chef André Reichling.
headphones

3 min

play_arrow

4'33 vum John Cage

E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, mee den John Cage huet et awer méiglech gemaach. Virun 73 Joer war d'Première.
headphones

3 min

play_arrow

The Dora Journey

Den opus-Podcast iwwer d'Dora Pejačević - eng grouss kroatesch Komponistin
headphones

2 min

play_arrow

Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt

Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel opgemaach. Do kann een net nëmmen an d'Ënnerwelt vun der Stad andauchen, mee och an eng Soundinstallatioun vun der Susan Philips.
headphones

5 min

play_arrow

Concerten um radio an opus 100,7

Och wärend der Summervakanz versuerge mir Iech mat Live-Matschnëtter a Concerte ronderëm d'Welt.
headphones

4 min

play_arrow

Musique dans la Vallée 2025

All Joer tëschent Enn August a September invitéiere fënnef Gemengen op d'Musique dans la Vallée. Dëst Joer mam Fokus op d'Famillen
headphones

4 min

play_arrow

Hanner den Téin

Mir maachen den Iwwerbléck vum Podcast Hanner den Téin a senge 7 Episoden.
headphones

4 min

play_arrow

headphones

3 min

play_arrow

Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen

"Wou d’Uelzecht": eng Klangrees vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz an der englescher Poetin S.L. Grange, bei deem een de Gronn op eng ganz nei Aart a Weis entdeckt.
headphones

5 min

play_arrow

Musica Senza Frontiere

"Musek ouni Grenzen" versprécht ee musikaleschen Ensembel, dee reegelméisseg op Besuch zu Lëtzebuerg ass.
headphones

3 min

play_arrow