Kultur
Fir déi 23. Nuit des Musées presentéiert de Mudam „Radical Software“
19 min
Dëse Samschden ass déi 23. Editioun vun der Nuit des Musées zu Lëtzebuerg, also queesch duerch d’Stater Muséeën. D’Initiativ huet sech en Numm als riseg Musées-Party gemaach, d’Visitten duerch d’Haiser sinn e wéineg méi speziell, et ginn eng Hellewull Aktivitéiten, och kulturell Events gebueden, déi esou am Muséesalldag net um Programm stinn; fir Iessen a Gedrénks ass -kloer- gesuergt. Ma am Zentrum solle jo awer och déi aktuell Ausstellunge stoen. An an deem Kontext wollt d’Kerstin Thalau op eng vun den Expoen am Mudam ze schwätze kommen, hiren Titel ass “Radical Software”.
Presentéiert vum
- MC- KT_62