Kultur
/ “Sols et sous-sols”: d’Resultater vun enger kollektiver Recherche als Gruppen-Installatioun
“Sols et sous-sols”: d’Resultater vun enger kollektiver Recherche als Gruppen-Installatioun
13 min
Viru gutt 7 Joer hu Kreativer, Wëssenschaftler, Handwierker, Interesséierter den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréieren Diddelenger Walzwierk mat Industriekultur ze befaassen. De Feedback war positiv, esou datt aus der Initiativ 2022 den Tiers-Lieux culturel VeWa ervirgaangen ass: eng Plaz tëscht Schaff an Doheem, wou Leit Kenntnisser, Fäegkeeten, en Espace, Material a Ressource gemeinsam fir kreativ Zwecker deele kënnen. Zanter hier stinn d’Saisonen ënnert engem gewësse Sujet. Iwwert dee gëtt recherchéiert an um Enn eng Expo op d’Bee gestallt. Jo, a fir 2024 steet se ewell: d’Kerstin Thalau huet sech vum Serge Ecker duerch “Sols et sous-sols” guidéiere gelooss.
Presentéiert vum
- kt