Kultur
Marcel Beyer am Gespréich
4 min
A sengem Wierk „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“ setzt de Marcel Beyer sech mat der medialer Veraarbechtung vum Krich auserneen an wéi d‘Literaten domat ëmgoe kënnen.
Mir lauschteren en Extrait aus dem Gespréich, dat d'Valerija Berdi mam däitsche schrëftsteller an Essayist gefouert huet.
Den däitsche Schrëftsteller ass haut den Owend Invité am Institut Pierre Werner mat sengem Buch „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“, dat am Wallstein-Verlag eraus komm ass.
De ganzen Interview kënnt dir dëse Sonnden lasuchtren an eiser Emissioun „Déi wonnerbar Valibrairie“, wou dann och dräi rezent Lëtzebuerger Wierker beschwat ginn: Dem Guy Rewenig säi Schelmenroman GOSS aus dem Haus Guy Binsfeld. Aus dem Black Fountain Verlag dem James Leader säin Into Babel an der Carla Lucarelli hiert Gedichtband Salztage + zurück, bei Editions Phi publizéiert.
Presentéiert vum
- Valerija Berdi