Kultur
Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren
11 min
Zanter méi wéi 30 Joer ass de Schwäizer Affekot Antoine Goetschel am Déiererecht aktiv. Als weltwäit éischten “Tieranwalt” huet hien a senger Karriär iwwer 700 Déiere viru Geriicht vertrueden, dorënner souguer ee Chamäleon, ee Pony an eng Boa. Mee wéi gesäit et an Europa a Saachen Déiereschutzrecht aus, an a wéi eng Richtung entwéckelt sech d’Relatioun tëschent Gesellschaft an Déier weider? Den Déierenaffekot huet an der Nationalbibliothéik ee Virtrag iwwer méiglech Weeër gehalen, an de Joé Birchen huet mat him iwwer dës geschwat.
Presentéiert vum
- Joé Birchen