Kultur
“E Krees, dee sech schléisst”
7 min
De Jean-Paul Hansen huet iwwer 30 Joer laang am Escher Conservatoire enseignéiert, de Groussdeel dovunner fir d’Instrument vum Hautbois. Am Juli 2025 geet hien an d’Pensioun, an dëse Samschdeg spillt hie scho säin allerleschten Enseignantsconcert am Conservatoire. Um Programm steet ënner anerem Musek, déi hie schonn als Student um Mozarteum zu Salzburg opgeféiert huet.
D’Marie Schockmel huet de Jean-Paul Hansen ënner anerem gefrot, wéi hie sech fillt no esou enger laanger Zäit säi leschten Enseignantsconcert ze spillen, an ob et heiansdo och e bëssen erausfuerderend wier, zesumme mat aneren Enseignanten an engem Concert opzetrieden.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel