"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft".
Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt.
Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.
arrow_back_ios
Kultur
"Operette ist die ultimative Leidenschaft”
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Erkundung des Bösen an Im Einklang mit dem Tod vum PalmArtPress Verlag
Essays a Lyrik vum chineeseschen Auteur Yang Lian
D'Lëtzebuerger Veräinswiesen an den USA
Materiell Ënnerstëtzung a kulturell Fleeg stoungen am Mëttelpunkt vu fräiwëllegen Ënnerstëtzungsveräiner.
Kee Kabes: "La nature" de Néckel Scholtus
An hirem Fotoarchiv huet d'Néckel Scholtus de Sujet vum Inconscient entdeckt.
Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort
E Listipp fir de Summer
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"
Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
"Monsieur Steichen" nieft "La nature d'Edward Steichen" zu Arles
D'Lisa Oppenheim huet dem Edward Steichen seng verworfen Iddien opgegraff.
Déi kinneklech Schwane-Parad
Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
Off Campus
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
Figure vun der Monstruositéit 2/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
Figure vun der Monstruositéit 1/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
All is Whole
Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen
De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
Metallica
Eng Concertskritik
En Äddi an en Ausbléck
Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.