Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d’Lëtzebuerg vum fréien 20. Joerhonnert zeréckféieren.
De Jeff Schinker huet de Realisateur a Showrunner Loïc Tanson esou wéi d’Schauspiller Marie Jung a Philippe Thelen bei sech an de Studio agelueden, fir sech iwwer d'Serie ze ënnerhalen.