Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay.
Déi zwee Museker sinn an zwou verschiddene Museksrichtunge verwuerzelt - Eemol an der Klassik, eemol am Jazz. Wat si verbënnt: d'Talent op der Bün ze improviséieren.
Mee wéi geet Improvisatioun um Piano, an ass dës Iddi vum Pianosduell nei? Doriwwer schwätzt de Pianist Jean-François Zygel mam Marie Trussart aus der Opus-Ekipp.