De Conseil d’Administration vu Musek am Syrdall huet haut op der Websäit vun der ASBL matgedeelt, datt dëst Joer déi lescht Editioun vum Festival stattfënnt.
De Grond wier eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kuturzeen, déi sech “largement profesionnalisée et diversifiée” hätt. Domat wier de Festival, deen 1988 gegrënnt gouf, hautzedaags net méi an der Lag ze bestoen.
De President Jeannot Waringo huet am Interview mam Christophe Mirkes méi ausféierlech iwwer d’Hannergrënn geschwat.
Déi lescht Editioun vu Musek am Syrdall fänkt den 23. Mäerz 2025 un.