Dat seet de laangjärege Member a Pianist Pascal Meyer am Zesummenhang mat zäitgenëssescher Musek. Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire kréien och d'Méiglechkeet fir méi Erfarung mat neier Musek ze sammelen. United Instruments of Lucilin spillt de 16. Mäerz 2025 am CAPE e Concert, bei deem Schüler Wierker vun ënner anerem dem Steve Reich zesumme mam Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kënnen opféieren. Et ass en Optrëtt aus der Serie Lucilin in the City, bei deem ee vun de Museker vum Ensembel d'Programmatioun iwwerhëlt. An dësem Fall war et de Pianist Pascal Meyer. Hien huet dem Christophe Mirkes an engem Gespréich verroden, op wat hie Wäert geluecht huet a wéi sech dëse Projet vun deenen ouni Schüler ënnerscheet.
arrow_back_ios
Kultur
"Ech hunn eigentlech alles geléiert bei Lucilin"
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Zum Doud vum Robbie Martzen
De Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen ass gestuerwen. Mir erënneren un hien mat enger Buchrezensioun
Liestipp: Guy Helminger - Gebäude für Breitengrade
Lasst uns das Seegras mähen...
Film vun der Woch: "Hen"
En originellt Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong.
Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés
Den nigerianesch-stämmege Londoner mam radikal-friddleche Message spillt live zu Bouneweg mat engem Schotz Napoleon Gold virdrun
Liestipp: "Dans la jungle" vun der Adeline Dieudonné
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Filmkritik: "The Last House" (Netflix)
De Michel Delage iwwer dësen amerikaneschen Horror-Survival-Thriller, an deem eng Famill zolitt op d'Prouf gestallt gëtt.
Liestipp: "Famesick" vun der Lena Dunham
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
Liestipp: Birgit Bachmann – "Ein Samstag im August"
"Familie ist eine Flickendecke..."
Eng Woch Stuerm
Een e bessen anert Label-Evenement
Slow Fiction - Dollhouse
Den Debut vun der New Yorker Indie-Band war villverspriechend genuch fir dass de Marc Clement se virstelle wollt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Liestipp: Anne Weber - Annette, ein Heldinnenepos
E besonnescht Buch iwwer eng besonnesch Fra
Film vun der Woch: "Father"
E slowakesche Familljendrama iwwer Schold a Responsabilitéit, beschwat vum Michel Delage a Vesna Andonovic.
Programm vun der Saison 2026/2027 vum CAPE Ettelbréck
De Centre des arts pluriels Ettelbréck huet de Programm fir déi nei Saison presentéiert
Lëtzebuerger Fotografen haten de Sujet Tourismus scho fréi am Viséier
Tourismus-Fotoen vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut
Concertsrapport: Deadletter
Gëschter hunn Deadletter op de Congés annulés an de Rotonden ee laang erwaarten, well schonn eemol verluechte, Concert gespillt.
Elise Schmit – "Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf"
"WIll schnallte seinen Rucksack etwas enger, stieg auf sein Rad und zählte rückwärts vun zehn bis eins."
La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création
An de Rotondë gi jonk Kënschtler:innen dëse Summer op d’Sich nom Common Ground.
Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich
Gemeinsamkeeten tëschent Mëttelalter an 21. Joerhonnert