Déi véiert Produktioun vum Centaure dëst Joer ass och gläichzäiteg, wann een d’Reprise vun der “Poupée barbue” an den Accueil vun “Norma Jeane Baker de Troie” matzielt, dee véierte Monolog, deen een an de leschten aacht Méint am Centaure konnt gesinn. A "Prima Facie" geet et ëm eng knallhaart Affekotin, déi reegelméisseg Sexualverbriecher verteidegt - bis si selwer Affer vun engem Viol gëtt an de Justizsystem vun där anerer Säit kenneléiert. Mir hunn d’Metteuse en Marja-Leena Junker an d’Schauspillerin Céline Camara bei eis am Studio fir iwwer der Suzie Miller hiert Stéck ze schwätzen.
arrow_back_ios
Kultur
"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Lauschteren
play_arrow
Prima Facie (Foto: Bohumil Kostohryz )
headphones
20 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Bettina Heldenstein a Sandra Kolten: zanter 30 Joer Employéeë vum Casino!
Vun der Uni an den éischten a wahrscheinlech leschten Job
Prix Batty Weber: Am Gespréich mam Guy Helminger
De Guy Helminger, ausgezeechent mam Prix Batty Weber, am Interview mam Jeff Schinker iwwer d'Bedeitung vum Präis a säi Gesamtwierk.
Nei am Kino
Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
Nei Konscht vum Banksy
Zu London gëtt et nei Konscht vum Banksy, déi net ze iwwersinn ass an déi bis elo nach net ewechgeholl gouf - wéi dat esou dacks de Fall ass bei senge Wierker.
De seul en scène feieren: déi 16. Oplag vum Monodrama
Am Gespréich mat der Emma Lily Karier an dem Steve Karier
"A bras-le-corps"- Marie-Elsa Sgualdo: onerwaart eise Film vun der Woch
No 7 Joer Preparatioun der Marie-Elsa Sgualdo hiren éischte Long-métrage
D’Hala Moughanie um Literaturfestival Étonnants Voyageurs zu Saint-Malo
Wat en Epicier um Hafe vu Beirut mat der Autorin Hala Moughanie verbënnt.
"Porno ass mäi Liewen": Porn for the Blind am TOL
Eng Theaterrezensioun vum Jeff Schinker
TalentLab: Danz a Performance an der Stad
Déi 11. Editioun vum TalentLAB ass voll um Lafen. De Luca di Santolo war eng Partie vun de gebuedenen Danz-Performancen an d'Stater Theatere kucken.
D'Kënschtlerin Hisae Ikenaga presentéiert "Anatomy of Use" zu Gand
Konscht vu Lëtzebuerg an enger fréierer Polyklinick an der Belsch
Cyclorama brénge muer "Illuminated by Mirror Ball" an de Rotonden eräus
Ee Cyclorama-Album ass ëmmer eng Aventure. Muer kënnt dem Duo vu Sebasien Laas a Pierre Reyland hir nei Plack “Illuminated by Mirror Ball” eraus, mat engem Release-Concert.
The Audacity
An dëser Komedie-Serie fbegleeden mir e CEO vun enger Firma, déi op allméiglech Aart a Weisen déi perséinlech Date vu Leit beschaaft a verkeeft.
Staark Stëmmen aus Syrien a Libanon ...
... vun de Schrëftstellerinnen Hala Moughanie a Maram al Marsi
Berthe Brincour am Nationalmusée
Déi éischt grouss Retrospektiv iwwer déi lëtzebuergesch Molerin Berthe Brincour ... “Une artiste hors norme et hors temps” an eisem Nationalmusée
Congés annulés
Eng Affiche, déi et verdéngt, beschwat ze ginn: vum 24. Juli si Congés annulés an de Rotonden.
100 Joer Miles Davis
Keen anere Museker huet den Jazz esou gepräägt, wéi den Trompettist. Nach haut gëllt säin Album “Kind of Blue” als déi meescht verkaaften Jazzplack aus der Geschicht vum Genre.
Aurélie D’Incau: mat Trauer kann een tatsächlech spillen
Wéi aus enger Recherche iwwer Tapisserie ee Konschtprojet gouf.
Deen anere Bléck op Pornofilmer: "Porn for the Blind" am TOL
D'Metteuse en scène Pauline Collet an d'Schauspillerin Clara Hertz iwwer "Porn for the Blind", déi nei Produktioun am TOL
TalentLAB 26: Am Gespréich mam Tom Leick-Burns
Den Direkter vun den Théâtres de la Ville de Luxembourg iwwer de Programm vum TalentLAB