Mat Musique Plus initiéiert United Instruments of Lucilin een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
Tëschent Abrëll a Juli gëtt op fënnef Weekender d'Musek nämlech mat anere Beräicher kombinéiert: Architektur, Literatur an och den eegene Sënner.
Wéi dat Konzept a Realitéit ausgesäit a wat Iesse mat zäitgenëssescher Musek ze dinn huet, doriwwer schwätzen de Guy Frisch an Olivier Sliepen mam Lex Kauffmann.