Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d’Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d’Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d’lescht Joer bei Editions Phi eraus.
Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet.
Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d’Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.