De Mozart an de Reger hunn zu verschiddenen Zäite gelieft a sech deemno ni kennegeléiert. Beim nächste Concert vun der Kammerata Luxembourg begéinen déi zwee sech awer an engem eenzege Programm. Ganz nom Motto "Mozart a Reger am Dialog" geet et dorëms ze weisen, wat déi zwee gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheet.
D'Presidentin a Geiistin vum Grupp, d'Sandrine Cantoreggi, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.