100komma7.lu / Kultur

/ De Glenn Gould a seng legendär Goldberg-Variatiounen

De Glenn Gould a seng legendär Goldberg-Variatiounen

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Uechter d’Welt huet dës Plack zanter 70 Joer Kultstatus: rieds geet vum kanadesche Pianist Glenn Gould sengem Enregistrement vum Johann Sebastian Bach senge “Goldberg-Variatiounen” am Joer 1955. Dem Glenn Gould seng Plack huet sech an deene 70 Joer zu deem wuel bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäit entwéckelt an de Pianist Glenn Gould gouf domat quasi deen éischte Pop-Star op enger klassescher Concertsbün. Beim Glenn Gould kann een ouni Zweiwel den Term vum Ausnamekënschtler benotzen, hien huet d’Musek vum Bach wéi keen anere gespillt, krut an der Interpretatioun vun anere Komponisten awer net d’Unanimitéit. De Glenn Gould hat en aussergewéinlecht Talent, nieft dem absolutte Gehéier hat hien och eng enorm musikalesch Memoire, wann hien eng Suite vun Noute just eemol héieren huet, da konnt hie se ëmmer nees um Piano reproduzéieren. De Glen Gould, deen 1932 gebuer gouf, ass awer schonn 1982 am Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen, mee duerch säin Enregistrement vun de “Goldberg-Variatiounen” gouf hien onstierflech.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création | © Rotonden

La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création

An de Rotondë gi jonk Kënschtler:innen dëse Summer op d’Sich nom Common Ground.
headphones

8 min

play_arrow
Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich

Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich

Gemeinsamkeeten tëschent Mëttelalter an 21. Joerhonnert
headphones

11 min

play_arrow
Monika Helfer: En Noruff | © picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd

Monika Helfer: En Noruff

Déi éisträichesch Schrëftstellerin ass leschte Sonndeg onerwaart mat 78 Joer gestuerwen. Hir Familljentrilogie huet déi däitschsproocheg Géigewaartsliteratur gepräägt.
headphones

5 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

5 min

play_arrow
Film vun der Woch: "The Christophers"

Film vun der Woch: "The Christophers"

Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong.
headphones

10 min

play_arrow
De Sound als Vecteur fir kritesch Iwwerleeungen | © Escher Konschthal

De Sound als Vecteur fir kritesch Iwwerleeungen

E kënschtlereschen Iwwerbléck iwwer Stéiergeräischer
headphones

9 min

play_arrow
George Sand | © Wikipedia / public domain

George Sand

Politesch a sozial, modern a subversiv ...
headphones

6 min

play_arrow
Albumrezensioun: Trophy Wife - Pathetic | © Trophy Wife

Albumrezensioun: Trophy Wife - Pathetic

Eng Indie-Plack fir de Summer
headphones

4 min

play_arrow
Fir den 20. Gebuertsdag ass de Mudam “on tour” | © Mike Zenari © Mudam Luxembourg

Fir den 20. Gebuertsdag ass de Mudam “on tour”

Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung an zwielef Kantoner
headphones

9 min

play_arrow
Wann Jazz op Sonnett trëfft | © Michel Delage

Wann Jazz op Sonnett trëfft

A "Sonné d'Amérique" verpaakt de Florent Toniello seng Nordamerika-Andréck a Form vu klassesche Sonetten.
headphones

9 min

play_arrow
Mat der Polaroidkamera KENG banal Souvenirbiller schéissen | © Foto Laurent Sturm

Mat der Polaroidkamera KENG banal Souvenirbiller schéissen

De Paul Kirps presentéiert zu Klierf ewell seng drëtt Polaroid-Expo.
headphones

10 min

play_arrow
Zu Bouneweg huet d'Musek keng Summerpaus! | © Rotondes

Zu Bouneweg huet d'Musek keng Summerpaus!

Museksdecouverten aus deene verschiddenste Genrë ginn et iwwer d’Hondsdeeg an de Rotonden ... de Marc Hauser an de Marc Clement zur Programmatioun vun de kommende Wochen
headphones

11 min

play_arrow
Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut | © Hanser-Verlag

Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut

E klenge Roman - ganz grouss
headphones

3 min

play_arrow
Nei am Kino | © Neon Picturehouse Entertainment

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

4 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Omaha" | © Greenwich Entertainment

Film vun der Woch: "Omaha"

Den amerikaneschen Independant-Drama thematiséiert déi grouss Problemer vu klenge Leit.
headphones

9 min

play_arrow
Éischt grouss Retrospektiv iwwer déi Lëtzebuerger Molerin Berthe Brincour | © Collection MNAHA

Éischt grouss Retrospektiv iwwer déi Lëtzebuerger Molerin Berthe Brincour

“Une artiste hors norme et hors temps” an eisem Nationalmusée
headphones

7 min

play_arrow
D'Néckel Scholtus mat 41 weidere Kënschtler bei "Les (Dé)généré(e)s" | © Kerstin Thalau

D'Néckel Scholtus mat 41 weidere Kënschtler bei "Les (Dé)généré(e)s"

Fir den Nicolas Havette nees aktuell: "Les dégénérés" an der Konscht
headphones

10 min

play_arrow
Keng EU-Gelder méi fir d'Konschtbiennale zu Venedeg | © EPA/ANDREA MEROLA

Keng EU-Gelder méi fir d'Konschtbiennale zu Venedeg

D'EU schneit der wichtegster Konschtausstellung op der Welt 2 Milliounen Euro Ënnestetzung of.
headphones

6 min

play_arrow
Erkundung des Bösen an Im Einklang mit dem Tod vum PalmArtPress Verlag

Erkundung des Bösen an Im Einklang mit dem Tod vum PalmArtPress Verlag

Essays a Lyrik vum chineeseschen Auteur Yang Lian
headphones

6 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Veräinswiesen an den USA | © Michel Delage

D'Lëtzebuerger Veräinswiesen an den USA

Materiell Ënnerstëtzung a kulturell Fleeg stoungen am Mëttelpunkt vu fräiwëllegen Ënnerstëtzungsveräiner.
headphones

4 min

play_arrow