Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango, Hal Flavin a Metro ass et un der Band Babyoil, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert de Gittarist Paulo 'Jim' Fernandes, begleet vun der Kënschtlerin a Schwëster vum tragesch verstuerwene Sänger Sébastien Peiffer, der Séverine Peiffer. Am éischten Episod verroden si eis, wéi den Jim an de Sebb sech op engem Noir Désir Concert kennegeléiert hunn, wisou si an engem Zoo zu Senningen hu misse prouwen a wéi d'Band a ganz ënnerschiddleche Konstellatiounen lues a lues hire Sound fonnt huet.