Am September 2024 huet Kultur / lx matgedeelt, datt d'Aline Bouvy 2026 de Grand-Duché op der Biennale vu Venedeg vertriede wäert. Di belsch-lëtzebuergesch multidisziplinär Kënschtlerin, di ëmmer nees mat gewoten Decisioune fir Iwwerraschunge suergt, sollt domat och fir hier 25jäereg erfollegräich Lafbunn gewierdegt ginn. Och datt si am Summer 2025 eng gréisser Eenzelausstellung am Casino Lëtzebuerg hätt, war du scho gewosst. An datt dës Expo mam Titel "Hot flashes" net mam Venedeg-Projet identesch wier. Eréischt gëscht ass devoiléiert ginn, wat d'Aline Bouvy konkret vum Fréijoer un zu Venedeg weise wäert. D'Kerstin Thalau war op der Presentatioun am Kulturministère, bei der den Haushär, de Minister Eric Thill, als éischten d'Wuert ergraff huet.
arrow_back_ios
Kultur
"Bonne merde" fir d'Biennale vu Venedeg 2026?
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Aline Bouvy)
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Eng BBC-Kannersendung
De Lëtzebuerger Sean McCormack huet eng Kannersendung fir BBC realiséiert.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Virschau op déi 16. Editioun vum Luxfilmfest
E Gespréich mam kënschtlereschen Direkter vum Festival Alexis Juncosa
Film vun der Woch: "The History of Sound"
Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama handelt vu Léift, Erënnerung a populäre Gesang.
Sech un der Luucht verbrennen: "Moth" a "Connemara"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren "Connemara", eng däitschsproocheg Bünenadaptéierung vum Nicolas Mathieu sengem Roman an dem Edsun säi Stéck "Moth".
Laurence Brasseur: Observatoire de la Culture
Wat sinn d'Ziler, Missiounen an d'Repercussioune vum neien Observatoire fir d’Kultur?
Siichtbar maachen: LGBTQIA+ an englesche Muséeën
An England ass de Februar de Mount vun der LGBTQIA+-Geschicht. Eng ganz Partie Muséeë setzen de Fokus op d'Aarbecht, déi si zanter Jore maachen.
D’Privatsphär als Informatiounsquell iwwer sozio-historesch Praktiken
Eng fotografesch Dokumentatioun vu perséinlechen Erënnerungsstécker am Elterenhaus
Dem Edsun säi Stéck "Moth" den Owend a muer am Mierscher Theater
"Moth" ass eng pluridisziplinär Kreatioun, déi vun neier Musek vum Edsun gedriwwe gëtt, deen de Projet och dirigéiert huet.
The Morning Show
Hanner de Kulisse vun enger grousser Televisiounsproduktioun: "The Morning Show" erzielt vun Intrigen, Karriären an de Mënschen hanner der Kamera.
Berlinale: Am Gespréich mat der Ulrike Ottinger
An hirem Film "Die Blutgräfin" léisst d'Ulrike Ottinger d'Isabelle Huppert eng bluttgäil Vampirin, ugeleent un d'historesch Figur vun der Elisabeth Báthory, spillen.
Josh Island - Imaginary Borders
De 6. Mäerz kënnt dem Lëtzebuerger Singer-Songwriter Josh Island säin 2. ALbum "Imaginary Borders" eraus, de Release Concert ass den Dag drop owes am Rockhal Club.
Zeréck an d'Vergaangenheet ...
... d'Shortlëscht fir den Präis vun der Leipziger Bicherfoire
Ee Festival mat engem sozialen Dréi: Aralunaires 2026
Enn Abrëll bis Ufank Mee ass déi 17. Editioun vum Aralunaires, engem Festival, deen eis kleng Nopeschstad Arel an eng Spillplaz fir musikalesch Entdeckunge verwandelt.
Mat Nonhuman Nonsense Attitudë changéieren, fir Verantwortung plädéieren
En Design-a-Konscht-Trio géint de sens commun a fir Metamorphosen
De Floss vun der Leipziger Buchmesse ...
... heescht dëst Joer Donau
Concert: La Dispute an der Rockhal
Gëschter war déi amerikanesch Post-Hardcore Band an der Rockhal zu Gaascht. De Jeff Schinker an de Marc Clement deelen hir Andréck ...
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Marty Supreme"
Den Amerikaner Josh Safdie zeechent den nervöse Portrait vun engem ambitionéierte jonken Dëschtennisspiller.