No "The Golden Record", sengem formal spannenden éischte Kuerzfilm, huet de jonke Regisseur Stephen Korytko mat "Dead Dad Girl" säin éischte Long métrage um Start. Am Film, deen eng Zort Hommage un US-amerikanesch College-Komedien aus den 90er ass, spillen ënnert anerem d’Sophie Mousel, de Philipe Thelen an de Luc Schiltz mat. De Stephen Korytko war mat senger Produktiounsfirma Samsa dëst Joer um Marché zu Cannes, wou et ënnert anerem dorëms goung, de Film wärend enger ganzer Rei Terminer ze pitchen an der Hoffnung, esou op international Distributeuren ze fannen. Tëschent zwee Terminer huet sech de Jeff Schinker mam jonke Realisateur getraff, fir méi iwwert de Film gewuer ze ginn an eraus ze fannen, wéi eng Opportunitéiten esou eng Präsens um Filmmarché eigentlech mat sech bréngen.
arrow_back_ios
Kultur
79. Festival de Cannes: Am Gespréich mam Stephen Korytko
Lauschteren
play_arrow
De Stephen Korytko (Foto: Stephen Korytko)
headphones
18 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann
Dem Boris Bergmann säi Roman, dee Mythologie an Autofiktioun op eng beandrockend Manéier verstréckt, huet et an déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt gepackt.
Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren"
D’Architektin Diane Heirend interesséiert, wat do ass a wat een draus ka maachen
Sheebaba - Haut Release an dräi Wochen
De 7. November bréngt de Lëtzebuerg-Mainzer Duo Sheebaba séng nei Plack "Haut" eraus. De Marc Clement ennerhällt sech mat enger Halschend vu Sheebaba, dem Julien Hübsch.
Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme
Dem Sylvain Prudhomme säi Roman gehéiert zu den aacht Bicher, déi et an déi zweet Selektioun gepackt hunn.
“Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen
D’Trixi Weis presentéiert zu Klierf glaskloer Konscht
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik
Verréckte Kënschtlergeschichten aus der italieenescher Renaissance vum Begrënner vun der Konschgeschicht, dem Giorgio Vasari.
Like A Jazz Machine 2026
Den nei agencéierte "Like A Jazz Machine" weist net nemmen, dass den Jazz fir jiddfereen ass, mee och, dass en zu Diddeleng ee waarmt Doheem huet.
Placebo an der Rockhal
30 Joer zanter dass den Debut erauskoum: Placebo feieren eng beweegte Karriär mat engem Concert, beu deem déi zwee éischt Alben am Vierdergrond stinn.
Filmkritik: "Ni vue, ni connue"
Dës franséisch Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva.
Filmkritik: "Primetime"
Amerikanesche Thriller iwwer eng Reality TV-Emissioun, déi méiglech Kannervergewalteger an d'Fal lackelt.
Nei Expoe fir déi 25. Nuit des Musées zu Lëtzebuerg
“From Renoir to Monet” am Nationalmusée; “Fundatio” am Lëtzebuerg City Museum
Lëtzebuerg op der Vienna Design Week
Dëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week, an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint.
D'Bün fir politesch Messagen notzen?
Zënter 30 Joer stinn d'Sportfreunde Stiller op der Bün a ware gëschter och am Atelier op Besuch.
The Gentlemen: Vum britteschen Adel an d'Ënnerwelt
Schick Kostümer, britteschen Adel an Drogengeschäfter: „The Gentlemen“ vermëscht schwaarzen Humor mat Krimi a vill Absurditéit.
Filmkritik: "On sera heureux"
Der Léa Pool hire Flüchtlingsdrama vermëscht Politik mat homosexuelle Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter.
Filmkritik: "The Social reckoning"
Amerikanesche Polit-Thriller iwwer d'Aart a Weis wéi Facebook déi amerikanesch Demokratie ënnerhielegt huet.
Steirischer Herbst
Red Flags ass dëst Joer d’Thema vum steirischer Herbst, engem interdiziplinaresche Festival zu Graz. De Jeff Schinker war dohin – a bréngt eis seng Andréck mat.
Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf.