“Äddi a Merci Claude Mangen”: Et war scho méi laang ugekënnegt a seng Nofollger sti mam Direkter Pit Ewen a mam Directeur Artistique Olivier Garofalo och well an de Startlächer, mee elo war et dann och offiziell esou wäit: Den Adieu vum Claude Mangen als Direkter vum Mierschter Theater. Wärend déi dräi Direkteren an der éischter Hallschent vum Owend nach en Ausbléck op déi nächst Saison ginn hunn, ass et beim zweeten Deel ëm d’Verabschidung gaangen. An dobäi gouf et deels och emotional. Net bei deenen Amenter, wou et ëm d’Weiderentwécklung vum Haus oder senger Programmatioun gaangen ass, mee bei deenen, wou et ëm d’Mënschen derhannert gaangen ass.
No der Presentatioun huet sech de Luc Boentges mam Claude Mangen, deen eng laang Zäit och Programmchef um Radio 100,7 war, dem Pit Ewen – deen aktuell a bis zu sengem offiziellen Untrëtt am Mierscher Theater och de President vum Orchestre National de Jeunes ass - an dem Auteur an Dramaturg Olivier Garofalo zesummegesat.