Mir haten iech dëser Deeg mat bei d‘Néckel Scholtus an hir Kënschtlerinne-Residenz zu Arles geholl. De Beitrag iwwert der Fotokënschtlerin hir Zäit am Kontext vun de Rencontres d‘Arles fannt dir op eisem Site 100komma7.lu. Begleet gouf si vun zwee Mentoren; een dovunner war de Fotograf a Curateur Nicolas Havette. An dee presentéiert nach bis de Sonnden inclus d‘Gruppenexpo „Les (Dé)généré(e)s“ an engem OFF-Space, souzesoen nieft dem renomméierte Fotofestival. D‘Kerstin Thalau ass vum Nicolas Havette gewuer ginn, wéi d‘Néckel Scholtus Deel vun der Expo ginn ass, a firwat fir hien haut de Sujet „Les Dégénérés“ an der Konscht nees esou aktuell ass.
arrow_back_ios
Kultur
D'Néckel Scholtus mat 41 weidere Kënschtler bei "Les (Dé)généré(e)s"
Lauschteren
play_arrow
La maison des (Dé)généré(e)s (Foto: Kerstin Thalau)
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Véier Lëtzebuerger Acts um Reeperbahn Festival
Um Freidegmëtteg sinn Optrëtter vun Ninon, First Mote, Englbrt a Raftside.
Filmkritik: "Frontera"
Wéi Katalane wärend dem 2. Weltkrich Judde gehollef hunn, iwwer déi spuenesch Grenz virun den Nazien ze flüchten.
Filmkritik: "The Plague"
Matleefertum oder couragéierte Widderstand géint de Gruppenzwang an enger Jugend-Waasserballekipp?
American Horror Story
Verschidden Zorten Horror: Fir jiddereen ass eppes dobäi!
Filmkritick: "Marcel et Monsieur Pagnol"
E Biopic a Form vun Animatiounsfilm iwwer de franséische Schrëftsteller, Dramaturg a Cineast Marcel Pagnol.
Filmkritik: "La vie d'une femme"
De Michel Delage schwätzt iwwer de Film "La vie d'une femme"
Dana Vowinckel – Anton und Alma
Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis
Déi kleng Theatere stellen hire Programm vir
Kleng Theateren hun hiren eege Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall.
Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes
Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
Shida Bayzar . Die Lücken
100 Joer vernetzt Geschicht stinn op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis
Den zweete September 2026 ass de Pe’l Schlechter mat 105 Joer gestuerwen
D’Pe’l-Schlechter-Methode: bosseg Saache maachen, näischt ganz an alles gläichzäiteg
De Film "Naza" suergt fir Oprou
Firwat d’Regisseure vun “Naza” an Israel als Verräter ugesi ginn
Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun
De Schorsch Kamerun – Grënnungsmember vun "Die Goldenen Zitronen" - geet mat engem Stéck am Grand Théâtre Froe Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Déi nei Spillzäit am TNL
Den TNL huet de Programm vun der neier Saison presentéiert. Et ass d'Saison vum 30. Anniversaire.
Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine
Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis
Gesellschaftskritesch an awer och poetesch Konscht FIR d'Leit
Turning Point: Generation 9/11
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet.
Faux Real - "Poison Time"
Tëschent Glam-Rock, Synths an DIY-Ästhetik