Dësen zweete September ass de Pe’l Schlechter, mat 105 Joer, gestuerwen. D’Émissioun Kulturen war dee Moment nach an der Summerpaus. Mee un de Paul Marie Jean Pierre Schlechter, gebuer 1921 um Lampertsbierg, als Fils vum Demy Schlechter, klenge Brudder vum Ger Schlechter, de spéidere Monni vum Lambert an der Annette Schlechter, wëlle mir awer nach emol erënneren.
No der Première an der Ausbildung an der Handwierkerschoul, huet hie fir d’éischt bei Architekte geschafft, ier hien zwangsrekrutéiert an an den 2. Weltkrich geschéckt gouf. No 1945 huet hie sech séier en Numm als talentéierte Grafiker an Illustrator gemaach: hie gelt als ee vun de Pionéier vun der Lëtzebuerger BD, seng Affichen/ Broschüren/ Buchdeckelen hunn hei Generatioune vu Kreative gepräägt. 2012 ass hie mat 91 fir seng Krichserënnerungen, also fir d’Buch “De Pol muss an de Krich”, mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn.
Mir proposéieren iech zu dëse Sujeten elo ganz perséinlech Aussoe vum Pe’l Schlechter selwer.