Haut den Owend kann een um 19h30 entweder am grousse Sall vun der Philharmonie, respektiv och live um Klassiksender Opus dräi Éischtopféierungen zu Lëtzebuerg an eng Uropféierung erliewen.
D'Kläng vum Komponist an Dirigent Jack Sheen, der Freya Waley-Cohen, dem Roland Wiltgen an dem George Lewis suerge fir de passenden, “hëtzege” Flair.
Dem 69 Joer ale Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen säin "Thermos" passt perfekt bei d'Motto vum Festival, "Heat". De Roland Wiltgen kombinéiert gären Astronomie a Kosmologie a senge Wierker. Dat sinn nämlech och privat Passiounen. Konkret geet hien a sengem "Thermos" op d'Entsteeung vun eiser Äerd an; den Urknall.
Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann ee “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen?
A Kulturen gëtt eis de Lex Kauffmann een Abléck an d'Wierk.
Lauschtert eran: dësen Donneschdeg ab 19h30 iwwer DAB+, d'Opus 100,7 App oder iwwert de Stream op www.opus.radio.
Duerch de Concert féieren de Lex Kauffmann vum Opus an d'Maria Gutierrez vun SR Kultur.