Liewe fir de Veräin
Romy Zangerlé an Iolanda Androni
44 min
Mënschen, déi genetesch bedéngt mat engem Handicap liewe mussen, Mënschen, deenen hiert Liewen zum Beispill duerch een Accident vun haut op muer komplett changéiert, all déi Mënsche liewe gréisstendeels een anert Liewe wéi de Gros vun der Populatioun. Betraffener sinn eventuell ee Liewe laang op Hëllef ugewisen, liewen oft a spezialiséierte Strukturen an Haiser, an och oft an Einsamkeet.
A genee deene Mënschen eng Freed bereeden, hinnen ee Laachen an d‘Gesicht ze zauberen, där Aufgab huet sech d’ ASBL Arti’chock verschriwwen. D‘Clowne vun der Associatioun kënnt Dir eventuell awer och op verschiddenen Evenementer begéinen.