Liewe fir de Veräin
Romy Zangerlé an Iolanda Androni
35 min
Mënschen, déi geneetesch bedéngt mat engem Handicap liewe mussen, Mënschen, deenen hiert Liewen zum Beispill duerch en Accident vun haut op muer komplett changéiert, all déi Mënsche liewe gréisstendeels een anert Liewe wéi de Gros vun der Populatioun. Betraffener sinn eventuell e Liewe laang op Hëllef ugewisen, liewen dacks a spezialiséierte Strukturen an Haiser, an och dacks an Einsamkeet.
A genee deene Mënschen eng Freed bereeden, hinnen e Laachen an d‘Gesicht ze zauberen, där Aufgab huet sech d’ASBL Arti’chock verschriwwen. D‘Clowne vun der Associatioun kënnt Dir eventuell awer och op verschiddenen Evenementer begéinen. Zwou Vertriederinne ginn Detailer.
(Rediffusioun vum 6. Juli 2024)