Liewe fir de Veräin
Christiane Bourg, Presidentin vu Protransplant
47 min
Organspender sinn, ass een Thema mat deem sech vill Leit net wëllen ausernee setzen, wëll un a fir sech domat och den Dout verbonnen ass. Mee Organer spende kann d’Liewe vun anere Mënsche retten a verlängeren. Dowéinst sollt eigentlech jiddwereen, ob jonk oder al, sech mam Thema ausernee setzen. Iwwer d'Organspenden informéieren, Spender wéi och Leit déi een neit Organ waarde respektiv transplantéiert kruten zur Säit ze stoen, dat sinn d'Ziler deenen sech d'ASBL Protransplant verschriwwen huet.