Moiesstudio
Kontrollen an Ëmkrees vun 30 Kilometer ronderëm d’Grenz
4 min
De Méindeg (16.9. hunn déi vun Däitschland ugekënnegt verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg ugefaangen. Nieft verschidde mobille Kontrollen an engem Ëmkrees vun 30 Kilometer ronderëm d’Grenz, gëtt et och ee stationäre Kontrollpunkt. Dat op der däitscher Säit vun der Tréirer Autobunn A64 nom Chantier Markusbierg. Déi däitsch Police seet, datt een de Frontaliers-Trafic net onnéideg wéilt belaaschte mat de Kontrollen. Gëschter Mëtteg - also ausserhalb vun de Stousszäiten - gouf et nëmmen e liichte Retard vun 10 Minutten. D’Michelle Barthel war op der Plaz
Presentéiert vum
- Michelle Barthel