arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
"Méi wéi frou, erëm hei ze sinn!"
De Jean-Paul Bleser war am éischte Fliger, dee Lëtzebuerger:innen, déi an der Kriseregioun am Noen Oste blockéiert waren, heem bruecht huet. Säin Temoignage direkt no der Landung.
D'Léa Linster erzielt iwwer d'Fra sinn an engem männerdominéierte Beruff
D'Léa Linster huet sech an engem männerdominéierte Beruff duerchgesat. Dat virun allem, well si vill Vertraue matbruecht huet. Wierklech Hürden huet si awer net erlieft.
Réckrees aus dem Krichsgebitt: Betraffe Lëtzebuerger:innen erzielen
Mat zwee Fligere goufe gëschter déi éischt Lëtzebuerger:innen aus dem Noen Osten zeréck an d'Land bruecht.
D'Merowingerduerf zu Rolleng bei Miersch
2020 gouf déi eenzegaarteg Decouverte gemaach. D'Archeologen an Archeologinne vum INRA erhoffe sech nei Erkenntnisser iwwer d'Liewe vun der deemoleger Populatioun.
Startschoss fir dat 16. LuxFilmFest
De Mount Mäerz steet hei am Land zanter Joren am Zeeche vum Filmfestival. De Michel Delage huet mam Alexis Juncosa iwwer dës Editioun geschwat.
AI4LUX - Kënschtlech Intelligenz fir Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Staat wäert enk mat der franséischer Entreprise Mistral AI zesummeschaffen. Et ass eng Collaboratioun wéi et keng aner tëschent engem Staat an enger KI-Firma gëtt.
Taxidermist: Kee Beruff wéi een aneren
Wéi gesäit engem Taxidermist, deen aus doudegen Déieren Ausstellungsstécker mécht, säin Alldag aus?
10 Milliounen Euro fir méi ëmweltfrëndlech Camionen - geet dat duer?
D'Regierung wëllt Transportentreprisen mat neie Subsiden encouragéieren hir Camionsflott op Elektro a Waasserstoff ëmzestellen. Mir hu nogefrot, wou déi Ëmstellung drun ass.
E Fussballspiller, aus deem e grousse Resistenzler gouf
No senger Karriär beim HSV koum den Norweger Asbjörn W”Assi“ Halvorsen an d'KZ Natzweiler-Struthof, wou hien dräi Lëtzebuerger vill ze verdanken hat.
Bombardementer am Libanon: "Israel huet op dee Moment gewaart“
Wat ass d’Strategie vun Israel am Libanon? Eise Korrespondent Léonardo Kahn vun Tel Aviv mat den Detailer
"Buy European" light: Wéi d'EU-Kommissioun "made in Europe" fërdere wëllt
Haut stellt d'EU-Kommissioun Mesurë vir, déi d’europäesch Industrie méi staark vu Konkurrenz aus Länner wéi China schütze sollen. Si ginn awer net esou wäit wéi ufanks geplangt.
Wéi kéint sech d'Situatioun am Noen Oste weider entwéckelen?
Mir froen d'Bente Scheller, Expertin fir d'Regioun bei der Heinrich-Böll-Stiftung.
Noen Osten: Gëtt och Groussbritannien an de Krich eragezunn?
Eis Korrespondentin Claire Barthelemy analyséiert.
Online-Bedruch: Mat wéi engen Tricke schaffen d'Täter?
D'Fuerscherin Muriel-Larissa Frank huet sech mat der Virgoensweis vun den Täter bei sougenannte Pig Butchering Scams befaasst.
Wéi leeft eng Naturwëssenschaftsolympiad of?
Bei der Finall vun der Naturwëssenschaftsolympiad moosse sech 24 Schüler:innen an de Fächer Bio, Chimie a Physik. Mir ware mat dobäi.
Frankräich ass bereet seng Atomwaffen an aneren EU-Länner ze stationnéieren
Eise Korrespondent Max Tholl erkläert, wat de franséische President wëlles huet.
Experimentelle Bësch um Eecherfeld: Beem planze géint de Klimawandel
Um Eecherfeld ginn 3.500 nei Beem geplanzt, als eng Zort wësseschaftlecht Experiment fir d'Zukunft.
Filmtipp: "The History of Sound"
Dem Olivier Hermanus säin Drama iwwer Léift, Erënnerung a populäre Gesang ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.