Moiesstudio
/ “Gesondheet vu muer”: zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg
“Gesondheet vu muer”: zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg
5 min
An der Luxexpo um Kierchbierg ass haut a muer (1. an 2.10.) déi zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. Dobäi soll et ëm d’Gesondheet vu muer goen. D’Zesummenaarbecht tëschent de Gesondheetsacteuren an der Groussregioun soll gefërdert ginn. Theeme sinn de Mangel u Personal am Gesondheetswiesen, déi personaliséiert Medezin an déi Kënschtlech Intelligenz am Kliniksalldag.
Iwwer 2.500 Leit si fir dësen Event ageschriwwen, an et sinn eng 100 Exposantë mat dobäi. Um Programm stinn ë. a. Riede vun den dräi Ministere Martine Deprez, Lex Delles a Stéphanie Obertin.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler