Moiesstudio
Wéi geet et mat der Fondatioun Caritas weider?
9 min
Muss d'Fondatioun Caritas nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro an d'Liquidatioun goen? Dat war eng Fro, déi sech déi lescht Woche vill gestallt huet.
Elo gëtt et bis op Weideres eng Léisung: De Staat mécht der Caritas e Prêt vu 5 Milliounen Euro, an de Verwaltungsrot ass virum Weekend dowéinst dolaanscht komm fir mat der Caritas an d'Liquidatioun ze goen.
Wat bedeit dat elo fir de Verlaf vun der Affär? Am Moiesstudio steet d'Nathalie Frisch Ried an Äntwert. D'Affekotin ass Member vum Caritas Verwaltungsrot a Member vum Krisecomité, an iwwerhëlt am Moment d'Kommunikatioun fir d'Caritas.
Presentéiert vum
- Christiane Kleer