Moiesstudio
/ De Bettenduerfer Gemengerot seet Nee zu weideren Nordstad-Fusiounsgespréicher
De Bettenduerfer Gemengerot seet Nee zu weideren Nordstad-Fusiounsgespréicher
9 min
Am September war en éischte Vott dozou scho 7:4 géint weider Fusiounsgespréicher ausgaangen: Well deen awer onerlaabterweis geheim ofgehale gi war, gouf en annuléiert an huet deemno misse widderholl ginn. Gëschter koum dunn awer genee dat selwecht Resultat (7:4 dogéint) eraus, sou datt d'Nordstad-Fusiounsgespréicher zu 4 weiderginn an net méi zu 5. Donieft huet de Buergermeeschter Patrick Mergen der Conseillère Suzette Serres nach eng Plainte wéinst Diffamatioun iwwerreecht; si soll sech entschëllege wéinst Aussoen, Enn September, op dëser Antenn, woubäi awer onkloer ass, wat un deenen Aussoe soll diffamatoresch gewiescht sinn.
Presentéiert vum
- Eric Ewald