Moiesstudio
Lëtzebuerger Buchpräis 2024
2 min
Wat mécht eng Mamm, wann dat eegent Kand näischt méi wëllt mat hir wëllt ze dinn hunn? Ëm déi grausam Fro dréit d’Buch, dat dëst Joer de Lëtzebuerger Buchpräis an der Literatur gewënnt: De Jury huet sech gëschter fir d’Kuerzgeschicht “Mutterrache” vun der Margret Steckel decidéiert.
An der Kategorie Sachbuch ass den Yves Schmitz fir säi Wierk “Luxemburg war nie eine Kolonialmacht” vun der Jury ausgezeechent ginn. An an der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet d’Kannerbuch “Et rabbelt an der Broutgaass” vun der Diane Orban a Myriam Karels de Jury am meeschten iwwerzeegt.
Presentéiert vum
- Rick Mertens