Moiesstudio
De Gewënner steet fest!
3 min
De Matis Grisó, 18 Joer, ass de Gewënner vun der zweeter Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben.
Hie konnt den internationale Jury mat senger Interpretatioun vum Celloconcerto Nr.1 vum Camille Saint-Saëns iwwerzeegen.
De Grand Prix Anne et Françoise Groben, mat engem Präisgeld vun 10.000 €, gëtt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte gestëft. Am Gewënn enthalen ass och en Optrëtt als Solist, de 15. Mee 2025, zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.
An och vum Orchester gouf e Präis am Wäert vun 2.000 € iwwerreecht. De Prix Spécial vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ass un de Pianist Colin Toniello (19) gaangen. De Publikumspräis, fir deen online konnt gestëmmt ginn, geet un de Perkussionist Christophe Pütz (20). Mat dësem Präis gewënnt hie 500 €. All Kandidaten ouni Auszeechnung hu sech awer duerch hir Plaz an der Finall e Präisgeld vun 1.000 € erspillt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes