Moiesstudio
Mäin däischtert Geheimnis
7 min
Weltwäit gëtt, der WHO no, all 5. Kand viru sengem 18. Gebuertsdag Affer vu sexualiséierter Gewalt. Zuele vun der Lëtzebuerger Justiz beleeën, datt an de leschte 5 Joer 222 Plainten eleng wéinst Vergewaltegung u Mannerjärege gemaach goufen.
Am Kader vum Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen, de 25. November, an der Orange Week ass ee vun den thematesche Schwéierpunkte vum radio 100,7 de Mëssbrauch vu Mannerjäregen. Dësen Artikel behandelt Sujeten an en Temoignage vun enger Fra, déi als Kand sexuell Gewalt erlieft huet a mat eis hir Erfarunge gedeelt huet.
Presentéiert vum
- Michelle Barthel