Moiesstudio
D'Cité judiciaire ass ze kleng
3 min
Déi aktuell Cité judiciaire ass eréischt viru 16 Joer opgaangen, an elo gëtt schonn iwwer en Neibau op engem anere Site diskutéiert. Vum Justizministère hat et viru gutt zwou Wochen op Nofro geheescht, datt bei der Analys vun de laangfristege Besoine vun de Justizautoritéiten d’Méiglechkeet vun enger neier Cité judiciaire géif an d’A gefaasst ginn. Virdrun hat de President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit widderholl, datt eng nei Cité judiciaire néideg wier.
Vun der éischter Iddi fir déi aktuell Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau am Joer 1991 bis zur Aweiung 2008 hat et 17 Joer laang gedauert.
Wann eng nei Cité judiciaire sollt gebaut ginn, da misst se gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, a si misst grouss genuch sinn, dat si Fuerderunge vun der Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler