Moiesstudio
Wéi leeft eng Bluttspend of?
5 min
Zejoert hu sech ronn 2.500 Persounen nei bei der Croix Rouge ageschriwwe fir Blutt ze spenden. Ronn 1.700 vun deene koumen am Endeffekt och fir d’Bluttspend a Fro, respektiv hunn et och gemaach. Als Bluttspender muss een nämlech eng Partie Krittären erfëllen. Nieft Gewiicht, Alter a Gesondheetszoustand ginn zum Beispill och déi lescht Reesen a sexuell Relatioune genee ënner d‘Lupp geholl. Vun der Bluttspend bis bei déi final Bluttkonserv verginn tëschent 24 bis 48 Stonnen. Déi eenzel Etappen erkläert den Dokter David Dorkel aus dem Centre de Transfusioun sanguine an der Stad.
Presentéiert vum
- Marlène Clement