Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Moiesstudio

Episoden

"Iwwer d’Maueren ewech"

"Iwwer d’Maueren ewech"

Mir schwätzen iwwer eng Radiosemissioun, déi et zanter enger Woch net méi geet - net hei, mee um Radio Ara.

Mämmories

No enger Rei Virstellungen am Oktober an am November geet d’Michèle Turpel elo bis Enn Mäerz mat "Mämmories" weider op Tournee duerch d’Land.
Luxtrust Token | © Luxtrust

Luxtrust Token

Knapp 7 Prozent vun de Luxtrust-Token, déi an Ëmlaf sinn, goufe bis gëschter nach net ofgeschalt, well hir Proprietären d’Migratioun op déi mobil Applikatioun oder op de Scan vu Luxtrust nach net gemaach hunn.
Kaffispräis

Kaffispräis

De Kaffi ass am Moment esou deier wéi nach ni.

Dat bréngt den Dag

E Mordprozess, de Premier bei der CSU-Klausur an den 10. Joresdag vum Attentat op Charlie Hebdo
Demenz ka méi fréi erkannt ginn, wéi bis elo ugeholl

Demenz ka méi fréi erkannt ginn, wéi bis elo ugeholl

Rezent Erkenntnisser an eng App sollen hëllefen d'Verbreedung dovun ze bremsen. Dee weltwäit renomméierten Experte vum Luxembourg Institute of Health Rejko Krüger erkläert.
D'Héichwaassersituatioun am Land | © David/Adobe Stock

D'Héichwaassersituatioun am Land

Mir maachen de Point mam Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung nom staarke Reen aus de leschte Stonnen
Nach ëmmer manner Donen? | © Croix Rouge luxembourgeoise

Nach ëmmer manner Donen?

Am Summer huet d'Croix-Rouge d'Effekter vun der Caritas-Affär bei den Donen däitlech ze spiere kritt. Huet d'Lag sech antëscht, grad ronderëm Chrëschtdag, gebessert?
D'Traditioun vum Dräikinnikskuch | © Jo Welfringer

D'Traditioun vum Dräikinnikskuch

De 6. Januar ass Dräikinniksdag - dobäi onverzichtbar dee bekannte Kuch.
D'Ministerpresidentin vum Saarland zu de Grenzkontrollen | © picture alliance / Flashpic | Jens Krick

D'Ministerpresidentin vum Saarland zu de Grenzkontrollen

Musse mir ausgerechent am Jubiläumsjoer vum Schengen-Accord fäerten, datt geschwë ganz Schluss ass mat den oppene Grenzen an der EU? Dat freet d'Christiane Kleer d’Anke Rehlinger (SPD).

Dat bréngt den Dag

Den Optakt vun den traditionellen Neijooschpätt maachen d'Chamber an d'ADR
Europäesche KI-Reglement | © picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens

Europäesche KI-Reglement

Dee sougenannten AI-Akt ass dee weltwäit éischte legale Kader a Bezuch op Kënschtlech Intelligenz. D'Dateschutzkommissioun CNPD gëtt verantwortlech Autoritéit fir d'Anhale vum Reglement op nationalen Terrain.

Wéi fonktionnéiert eng Klappjuegd?

D'Saison vun de Klappjuegden dauert nach bis den 31. Januar. D'Sophie Schroeder war am Gréngewald bei enger mat dobäi. (Rediffusioun vum 22. November 2024)
Vu wéi engem Alter u soll mäi Kand een Handy hunn? | © Jo Diseviscourt

Vu wéi engem Alter u soll mäi Kand een Handy hunn?

Keen Ecran fir Kanner ënner dräi Joer, an duerno eng ganz lues Eruféierung un déi digital Medien. Dat ass dem renomméierte Psychiater Dr. Serge Tisseron säi Rot. Alles anescht hätt en negativen Impakt op hir Entwécklung.
Stroossebau: Wéi eng grouss Chantieren ginn dëst Joer fäerdeg?

Stroossebau: Wéi eng grouss Chantieren ginn dëst Joer fäerdeg?

Mir hu bei der Verwaltung vun de Ponts et Chaussées nogefrot.
Deepfakes vu Promien: Wie stécht dohannert? | © Bigstock

Deepfakes vu Promien: Wie stécht dohannert?

Falsch Videoen an deenen de Luc Frieden, de Xavier Bettel oder d’Lydie Polfer d’Leit opfuerdere Suen ze investéieren, hunn d'lescht Joer um Internet den Tour gemaach. Mee wou komme se hier?
© Adobe Stock

Rumänien a Bulgarien sinn zënter geschter am Schengen-Raum

Dat heescht, datt Mënschen a Wuere vum 1.1.25 u fräi tëschent Bulgarien, Rumänien an de Schengen-Länner zirkuléiere kënnen.
10 Joer gläichgeschlechtlecht Bestietnes

10 Joer gläichgeschlechtlecht Bestietnes

2015 goufen déi éischt gläichgeschlechtlech Koppelen hei am Land bestuet.
Kleederspenden: Wat gëtt besonnesch gebraucht? | © Morgane Weidig

Kleederspenden: Wat gëtt besonnesch gebraucht?

Dat ass eng vun eise Froen un d'Nadine Conrardy, Direktesch fir d'Action sociale bei der Croix-Rouge.