Viru genee dräi Joer huet Russland säin Ugrëffskrich an der Ukrain lancéiert. Aus de schonn occupéierten Deeler am Osten an der annexéierter Krim, mee och aus Belarus a Russland selwer sinn d’Zaldoten an d’Ukrain agedrongen.
Elo, no dräi Joer Gefechter huet sech eng relativ stabil Front etabléiert. Russland, trotz villen Defaitten am éischte Joer vum Krich, huet méi Waffen, méi Munitioun a méi Leit. Eise Korrespondent Philip Crowther ass fir eis fir dësen Anniversaire an der ukrainescher Haaptstad Kiew.