arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Nei am Kino: Dës Filmer lafen haut un
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun de neie Sortien.
Wëssenschaft oder Gefill: Op wat solle Spëtzecycliste lauschteren?
Mir froen de Lëtzebuerger Trainer Dan Lorang, dee bei der Ekipp Lidl-Trek eng Rei Spëtzecoureure betreit, déi am Moment op der Stroossen-EM a Slowenien um Depart sinn.
Dr. Emile Bock, President vun der SLMUC
Wat ass d'Zil vun där neier “Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe”? Dat froe mir hire President.
7. Oktober: Wéi eng Nowierkungen huet den Hamas-Ugrëff 3 Joer dono?
Mir schwätze mat eisem Korrespondent an Israel.
Editioun 07:15
Schülerprotester an den Impakt op Lëtzebuerg, Neies an der Déifferdenger Geld-Affär an de Joresdag vun den Attacke vum 7. Oktober, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue
Wat sinn d'Risiken am Gesondheetssecteur?
Virun allem Cyberugrëff, de Manktem u Ressourcen an Ëmwelt-Facteure wiere Risike fir de Gesondheetssecteur hei. Zu där Conclusioun kënnt eng Etüd vun der FHL.
Schülerprotester: Wéi ass d'Situatioun zu Metz?
Mir schalte live op d'Plaz fir eis e Bild vun der Situatioun ze maachen.
Firwat ginn et grad elo Neiwalen a Spuenien?
Mir froen eis Korrespondentin Aurélie Chamerois.
Editioun 08:15
Auslännesch Influencer, déi am Optrag vum Staat Lëtzebuerg als Touristendestinatioun promouvéieren an eng DP-Deputéiert, déi an Tansania wot, zu hirer Homosexualitéit ze stoen
UNEL solidariséiert sech mat Protest vu Schüler:innen a Frankräich
Studenten-Unioun kritiséiert Gewalt a warnt virun enger Delegitimiséierung vun der Protestbeweegung
Filmtipp: "Naza"
D'Thes vun dësem brisanten Documentaire: déi israelesch Arméi huet an der Gazasträif geziilt Zivilisten ëmbruecht.
Marc Wagener, Generaldirekter vun der Croix-Rouge
Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl.
No zwou Defaiten: Wat ass den Owend vun de Roude Léiwen ze erwaarden?
Am Stade de Luxembourg geet et haut nach eng Kéier géint Bulgarien. Mir schwätze virdru mat eisem Expert Roland Schaack.
Editioun 07:15
Déi verbrannte Läichen zu Bartreng, de Lëtzebuerger Geschäftsmann Pierre Grotz viru Geriicht zu Marseille an d'Bedruchsaffär zu Déifferdeng sinn Theemen
Just an dräi Gemengen hunn d'Kanner och samschdes Schoul
Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Parc Housen a Pëtschent ass de Stonneplang e bëssen anescht wéi am Rescht vum Land: Si ginn och samschdes an d'Schoul.
Pascal Bermes: Schäffen a Lycéesdirekter
De Pascal Bermes (CSV) ass eent vun dräi neie Gesiichter am Escher Schäfferot. Als Direkter vum LGE preparéiert hie grad d'Feierlechkeete fir den 125. Anniversaire d'nächst Joer.
Virwërf géint Amazon: Wéi reagéiert d'ITM?
E Mataarbechter huet sech anonym bei der Gewerbeinspektioun wéinst Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht beklot. Wat kann d'ITM do maachen? Froen un hiren Direkter Marco Boly.
Editioun 08:15
De pinken Oktober an de Broschtkriibslaf de Weekend sinn Theema an den Zeitungen, mat Temoignagë vu Betraffenen a Leitartikele mat Opriff, sech depistéieren ze loossen